Sources Rosport S.A. alen an neien Haaptsponsor vum FC Victoria Rouspert

Dësen 13ten August huet Sources Rosport, dem FC Victoria seng Ënnerstëtzung fir weider 6 Saisons zougesot.

Am flotte Kader vum Festsall an der Rouspert Fabrick, hunn de Max Weber, Direkter bei Sources Rouspert an de Jean-Paul Kolbusch, Präsident vum FC Victoria, de Kontrakt feierlech ënnerschriwwen. « Dëse Moment ass fir Sources Rosport eng perfekt Geleeënheet, dem Rousperter Fussballveräin Merci ze soe fir déi sëllech flott a spannend Momenter déi de FC Victoria dem Lëtzebuerger Sport déi lescht Jore geschenkt huet » sou de Max Weber. De Jean-Paul Kolbusch huet net verpasst der Sources Rosport fir déi gutt Ënnerstëtzung déi lescht 40 Joer Merci ze soen : « Vun deem Moment un wou et am Lëtzebuerger Fussball erlaabt war Reklammen um Trikot ze hunn, huet Rousperter Mineralwaasserfirma eis ni hänke gelooss, an eis a gudden an a manner gudden Zäiten ëmmer ënnerstëtzt. Mir sinn houfreg de Rousperter Logo weiderhin op eisem Trikot ze droen, a si sécher dass mer dës Saison nach vill flott Matcher ze gesi kréien ». Op der Photo, vu lénks no riets, Claude Osweiler, Jean Dondelinger, Max Weber, Jean-Paul Kolbusch, Aly Werdel.